In Memory to Pierre Rongvaux

Noruff op de Pierre Rongvaux,
Dirigent vun der Groussbusser a Waler Musek vun 2013 bis 2019

 

Wéi eng Bomm ass d’Noriicht ageschloen, ewéi mer Sonndes, den 29. September 2019 vum plëtzlechen Doud vun eisem Dirigent a Frënd, dem Pierre Rongvaux héieren hunn. Mir konnten a wollten et net gleewen: eise Pierre, dee puer Deeg virdrun eréischt säi 56. Gebuertsdag gefeiert huet, an dee Freides nach eis Prouf gehalen hat.

Wéi mer Enn 2012 e neien Dirigent gesicht hunn an eise Choix op de Pierre gefall war, hu mer iergendwéi direkt gespuert, dat dëst fonctionnéiere kéint; och wann hie kee lëtzebuergesch geschwat huet, sou hu mer dach ganz schnell verstanen, wat hie mat eis wëlles hat; nämlech flott Stécker mat eis anzeprouwen, déi eis Spaass gemaach hunn an déi och beim Public dobausse gutt ukomm sinn. Wat Sproochen ugeet, sief bemierkt, dat de Pierre extra fir eis lëtzebuergesch Coursë beluecht huet an de Waltmanns Franz frou war, sech kenne mat him op hollännesch z'ënnerhalen. De Pierre huet et awer och verstanen e wéineg méi aus eis eraus ze këddelen; ganz séier hat hien eis Stäerkten a Schwächten analyséiert a konnt den Hiewel do usetzen, wou et am néidegste war.

Vum Fachwëssen hier konnt keen him d’Waasser reechen mat sengen éischte Präisser am Solfège um Conservatoire Royal vu Bréissel an an der Klarinett um Conservatoire Royal zu Léck. Mee et war net nëmme säi professionellt Schaffen, wat eis gläich beandrockt huet, mee virun allem di tëschemënschlech Bezéiung, déi mer lues a lues mat him opgebaut hunn. Zitat aus enger mail vun him vum 23. Februar 2013:

« Je me plais beaucoup dans votre société. On peut y réaliser de belles petites choses musicalement parlant ».

Dëst war iwwregens seng Réactioun op eng Pann, déi hie mam Auto hat fir bei eis an d’Prouf ze fueren, wou him tëscht Neufchateau a Martel lues mee sécher d’Lutten um Auto aus gaange sinn, a wou hien sech direkt entschëllegt a proposéiert huet, déi Prouf virun der Generalversammlung nozehuelen. De laangen Trajet – en huet en ze guer fir den zweete Galaconcert mam Vëlo gemaach - war kee Problem fir hien, an dëst och fir Geleeënheeten ewéi Nationalfeierdag, Commemoratiouns Dag, och nach d’Iechternacher Sprangprëssessioun.

Onvergiesslech „d’Journée Belge“ den 23. September 2018, ewéi hien se selwer gedeeft huet; no der Visitt vum Krichsmusée ass de Concert ënner fräiem Himmel zwar buchstäblech an d’Waasser gefall, mee no der Béier-Degustatioun an der Orangerie huet de Pierre spontan ëmdisponéiert, an d’Musek huet hire Concert am Bistro Léo gespillt, dëst zur Verwonnerung vun alle Gäscht. Duerno si mer alleguerte bei hien heem op Tournay gefuer, wou seng Fra, d‘Annick eis e waarmen Accueil mat Gegrills a Gedrénks offréiert huet.

Säin typesche gewitzenen Humor vermësse mer am meeschten, zemools wann et em d’Pünktlechkeet vum President vun der Groussbusser Musek an de Prouwe gaangen ass oder wann hien dovunner iwwerzeegt war, dat den Hämmelsmarsch zu Kéiber „la plus grande sortie de l’année“ wier.

Wéi selbstverständlech war et fir eis, dat mer de Pierre op sengem leschte Wee wollte begleeden, och wann dat fir eis alleguerte keen einfachen Exercice war. Zesumme mat de Museksfrënn vu Léglise hu mir geprouft fir dem Pierre e würdegen Abschid z’offréieren, a wa bei munchen Tréine gefloss sinn, sou ware mer dach alleguerten houfreg drop bei dëser ergräifender Zeremonie dobäi dierften ze sinn. Ënnert de Kläng vu „Imagine“ vum John Lennon ass de Pierre aus der Kierch zu Neufchateau eraus gedroe ginn a mir haten eng leschte Kéier d’Geleeënheet senger Fra a senge Kanner eist opriichtegt Bäileed fir de Verloscht vun engem aussergewéinleche Mënsch an engem treie Frënd auszedrécken.

fir d’Groussbusser a Waler Musek,

Roger Gereke