Ausfluch Stuttgart 2023

Gespeichert von Carine am Fr, 03/10/2023 - 15:21
07. Januar 2023 (06:00) - 08. Januar 2023 (17:00)

2016 war eise lëschte gréisseren Ausfluch an sou ass et héich Zäit gi fir erëm eng Kéier ee ganze Weekend mat gudder Stëmmung zesummen ze verbrénen. De 7. Januar si mir zu 26 mat Voyage Unsen Richtung Stuttgart gefuer. Do ukomm war Fräizäit ugesot fir Shopping, Iessen, Drénken asw. Owes ass et dunn Richtung SI-Zentrum gaange fir de Musical Tanz der Vampire kucken ze goen. Nom Musical hu mir den Owend am Bowlingzenter nieft eisem Hotel mat deem engen oder anere Cocktail oder Béier ausklénge gelooss. Um Heemwee den Dag duerno ware mir nach zesummen iessen a waren eis eens dass et keng 6 Joer méi duerf dauere bis eisen nächsten Ausfluch.